De Raiber Hotzenplotz

De Raiber Hotzenplotz
Âge : À partir de 7 ans

Et ass eng vun de bekanntste Figure vum däitsche Kannerbuchauteur Otfried Preußler. Deen huet direkt dräi Geschichte mam Raiber Hotzenplotz erausbruecht. Déi éischt vun 1962 ass elo och op Lëtzebuergesch disponibel, an der Editioun Jeanny Friederich-Schmit: De Raiber Hotzenplotz huet der Bomi hir Kaffismaschinn geklaut! De Kasperl an de Seppel wëssen, wat do ze maachen ass. Si mussen e fänken. Mee dat ass guer net esou einfach. Well wann de Kasperl an de Seppel him eng Fal stellen, da geroden si selwer am Raiber Hotzenplotz an am béisen Zauberer Péitrosilius Zwackelmann hir Hänn