De Wëllefchen ass frou mat sengem Nuckel

 De Wëllefchen ass frou mat sengem Nuckel
Âge : À partir de 2-3 ans

 De Wëllefchen ass ee klenge Wollef, an dësem spezielle Fall ass et – wann een esou wëll – „De Wollef“ am Klengen. D'Geschichte vum (groussen) Wollef, déi jo och op Lëtzebuergesch disponibel sinn, sinn och am Grand-Duché immens beléift.

 Dës Geschicht vum Wëllefchen behandelt en Thema, dat (kleng) Kanner an (grouss) Elteren nëmmen ze gutt kennen: den Nuckel! Ma dem Wëllefchen seng Mamma huet decidéiert, datt dee säin Nuckel net méi brauch. A wann de Wëllefche senger Mamma da géif weisen, wat säin Nuckel alles kann? Vum Orianne Lallemand an Eléonore Thuillier bei PersPektiv Editions.