Den Elmar an de Päiperlek

Âge : À partir de 3 ans

Datt dem David McKee säi faarweg karéierten Elefant och zu Lëtzebuerg vill Frënn huet, dat ass antëscht gewosst: An dëser nei iwwersater Geschicht erlieft den Elmar, datt déi Grouss och heiansdo op déi Kleng ugewise sinn. Den Elmar geet spadséieren an héiert op eemol een ëm Hëllef ruffen. De Päiperlek ass an engem Lach gefaangen, well en Aascht erofgefall ass. Kee Problem fir den Elmar, fir en ze befreien. De Päiperlek seet Merci a versprécht, sech fir d'Hëllef ze revanchéieren. Ma den Elmar ka sech net richteg virstellen, wéi e Päiperlek engem Elefant hëllefe kéint. Kuerz drop ass et dann awer esou wäit … Erauskomm bei Kremart.