De Fäert-Uasch

De Fäert-Uasch

Âge : À partir de 10 ou 12 ans
Ze léif fir dës Welt? Esou den Ënnertitel vun dësem Buch vum Cathy Clement, illustréiert vu hirem jéngste Bouf Benjamin Frank. D'Maude verzweiwelt u senger Famill an un der Schoul an zitt sech ëmmer méi a seng eege Welt zeréck. Mä hatt ass net eleng. Zanter senger Gebuert ass e klengt Monster extra fir hatt do. Ëmmer, wann d'Maude veronséchert gëtt, wiisst säi Monster, bis et op eemol esou grouss gëtt, dass déi zwee sech richteg kenneléieren. Vun do u weess d'Maude, dass et net eleng duerch d'Liewe geet ... awer wie wëll scho permanent e „Fäert-Uasch“ bei sech hunn? Editions Schortgen.