Däerf ech an deng Lomp luussen

Âge : À partir de 2 ans
D’Maus ass immens virwëtzeg. Iwwerall wëll si eraluussen, souguer an d’Lompe vun hire Frënn. Den Hues, d’Geess, de Mupp, d’Kou, d’Päerd an d’Schwéngche kréien een nom aneren hir Lomp ënnersicht … Duerno wëllen d’Frënn natierlech och gewuer ginn, wat an der Maus hirer Lomp ass. Ma do dra verstoppt sech eng déck Iwwerraschung!

En häerzegt Billerbuch mat witzegen Opklapp-Wëndelen iwwer de Virwëtz vun enger klenger Maus … an eng flott Hëllef beim Potti-Training! Vum Guido van Genechten, iwwersat vum Luc Marteling fir Kremart.